Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /kunden/366217_1713/webseiten/congolux/congolux.lu/libraries/joomla/filter/filterinput.php on line 512

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /kunden/366217_1713/webseiten/congolux/congolux.lu/libraries/joomla/filter/filterinput.php on line 514

Zéissénger Veräinsentente kuckt op en erfollegräicht Aarbéchtsjoer zréck
Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /kunden/366217_1713/webseiten/congolux/congolux.lu/libraries/joomla/filter/filterinput.php on line 512

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /kunden/366217_1713/webseiten/congolux/congolux.lu/libraries/joomla/filter/filterinput.php on line 514
Zéissénger Veräinsentente kuckt op en erfollegräicht Aarbéchtsjoer zréck Imprimer
Écrit par Administrator   
Mardi, 31 Juillet 2012 00:00

Zéissénger Veräinsentente kuckt op en erfollegräicht Aarbéchtsjoer zréck :
23800.- €, den Erléis vun Adventsmaart, Bichermaart an Duerffest, sinn dëst Joer u verschidde sozial Wierker oder edukativ Projeten weidergereecht ginn.

En Dënschdeg, 17. Juli, war, am Cader vun enger klenger Ofschlossfeier, d’Scheckiwwereechung fir d’Projetë vum Zéissénger Duerffest.
Mat je 2500.- € sinn d’Associatioun « Congo-Lux asbl » an déi nei gegrënnten Associatioun « Wäertvollt Liewen asbl» ënnerstëtzt ginn. 500.- € sinn dernieft un de Päerdsatelier asbl iwwerwise ginn a mat 500.- € krutt och eng Famill an akuter Nout am Montenegro ënnert d’Äerm gegraff.
Den H. a Mme Kohnen hunn d’Aktioun Congo-Lux virgestallt, déi sozial Projeten an der demokratescher Republik Kongo realiséiert, iert sie dann am speziellen d’Haus Philippe Kohnen virgestallt hunn, wou, wann et fäerdeg gestallt ass, 20 Kanner Dag an Nuecht opgeholl kënne ginn a weider 20 Kanner während dem Dag betreit kënne ginn.
D’Hären Jean-Marc Scheer a Jean-Marie Weitzel hunn déi neigegrënnten Asbl « Wäertvollt Liewen » virgestallt, déi Leit wëll ënnerstëtzen, déi ënnert enger « Sclérose Latérale Amyotrophique » (SLA) oder « Maladie de Charcot » leiden. Sie sinn am gaangen e Pilotprojet auszeschaffen, deen d’Liewensqualitéit vun dene Betraffenen verbessert an hinnen an hire Familljen et erméiglecht, doheem e Liewen an Dignitéit ze féieren.
Schon am Mäerz vun dësem Joer sinn d’Schecker vum Adventsmaart  a vum Bichermaart offiziell iwwerreecht ginn.
D’Coordinatrice vum Adventsmaart, d’Madame Marie-Christine Ries, zesumme mat de Vertrieder vun der Veräiner, konnt op enger Säit der Fondatioun Kriibskrank Kanner an op däer anerer Säit der ASA asbl., der Amicale vun der Schoul vun den Assistenzhënn, e Scheck vu je 3500.- € iwwerreechen.
Duerno war et un der Coordinatrice vum Bichermaart, der Mme Liliane Zangerlé, fir déi 2 Projete vum Bichermaart virzestellen. Mat dem Erléis vum Zéissénger Bichermaart ginn traditionnell Bildungsprojeten ënnerstëtzt.  Dëst Joer haten d’Veräiner e Projet vum LISEL (Lieu d’initiatives et de services des étudiants au Luxembourg) erausgesicht a sech fir d’Ennerstëtzung vun engem Student a Bosnien ausgeschwat. D’Mme Agnes Rausch vum LISEL krut e Scheck vun 8500.-€ iwwerreecht fir eng Bourse fir e Student aus dem Cameroun ze finanzéieren, während dee Student aus Bosnien zwou Tranchen vu je 1150.- € fir séng Studien iwwerwise kritt.
D’Zéissénger Veräinsentente regroupéiert eng 12 Veräiner, déi scho säit méi wéi 20 Joer, nieft hirer egener Veräinsaarbécht, dräimol am Joer eng gemeinsam Aktivitéit zesummen op d’Bee stellen. Bei dene Veräiner handelt et sech ëmt : Chantres St Joseph, Chorale a Pompjeeën, Dëschtennis Amicale, Fraen a Mammen, Guiden a Scouten, Harmonie Hollerech/Gare/Zéisseng, Intresseveräin, Kannerchorale Da Capo, Photoclub Objectiv 2000, Senioren-Zéisseng asbl, d’Zéissénger Massendénger, souwéi awer och eng Rei Eenzelpersounen, déi sech ënnert dem Numm « Equipe Hëllef fir… » regruppéieren.
Duerch hiert frëndschaftlécht Zesummeschaffen leeschte sie e wäertvolle Bäitrag zur Liewensqualitéit an hirer egener Uertschaft an droe gläichzäiteg derzou bäi, würdeg Liewensconditiounen ze schafen op ville Plazen an der Welt, wou dat nach net selbstverständlech ass. (L.Z.)

Mise à jour le Mardi, 31 Juillet 2012 18:13